Printmakers’ Square

Mit Arbeiten u. a. von Danielle Grosbusch

2. – 22. März 2026
Mo – Sa 14:00 bis 20:00 Uhr

CAPE – Centre des Arts Pluriels Ettelbrück
1, place Marie-Adélaïde
L – 9063 Ettelbrück

Vernissage
Samstag, 28. Februar 2026 | 11:00 Uhr

D’Beaarbechtung vun der Matrice steet am Zentrum vum kreative Prozess: et ass hei, wou de Printmaker säi Kënnen ausdréckt, déi gëeegent Technik auswielt an dat geplangte Bild schaaft.

Empreinte ass e Kollektiv vu Printmakers, dat heescht vu Drockkënschtler, déi sech mat Leidenschaft den alen Drocktechnike verschriwwen hunn, déi zanter Joerhonnerte praktizéiert ginn. Ouni Computer oder Printer, just d’Drockfaarwen, d’Vernise, d’Kraze vun der Nol um Metall, d’Schabe vum Schneiden am Holz, d’Geräisch vun der Press ënner Spannung an eng grouss Faszinatioun fir klassesch Drocktechniken an engem zäitgenëssesche Kontext sinn Deel vun hirer Aarbecht. Am Zentrum vum kreative Prozess steet d’Matrice aus Koffer, Holz oder Lino: Si dréit d’Linnen an d’Flächen, déi d’Bild erginn. Pointe sèche, Eau forte, Aquatinte, Mezzotinto, Holzschnëtt – all Technik huet e geheimnisvolle Numm! Mat enger Ausstellung am Foyer an Animatiounen um Square virum CAPE plangt Printmakers’ Square d’Publikum mat op eng Entdeckungstour duerch de Räich-tum an d’Villfalt vun der Gravure ze huelen.